Sie setzen sich für den Kampf gegen Krebs ein

Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden : Gemeinsam handeln wir gegen den Krebs, jede Spende ist ein Zeichen der Hoffnung für die Zukunft.

In dieser Rubrik finden Sie die neuesten Schecküberreichungen, die aus den Spendenaktionen, die für die Fondation Cancer organisiert wurden, resultieren.

Es gibt verschiedene Möglichkeiten um eine Spendensammlung zu organisieren, und wir können Sie dabei unterstützen.

Ils s'engagent contre le cancer - Remises de chèque de la Fondation Cancer

Kinepolis

1.000 €

Kinepolis huet de 25. Mee den Discovery Day fir de gudden Zweck organiséiert. De Prinzip vun dësem Event ass, den Zuschauer exklusiv Trailer’e vun neie Filmer virzestellen, déi geschwë wäerten am Kino lafen. 

Kinepolis huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer mam integralen Erléis vun den Entréesbilljeeën ze ënnerstëtzen, souwéi de Montant vun der Spend opzeronnen. Esou ass déi generéis Zomm vun 1.000 € zustane komm. 

Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, a Präsenz vun der Madamm Maud Franz, Marketing Manager bei Kinepolis, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Generositéit.

Remise de chèque - Kinepolis

Fischer

Remise de chèque -  Fischer

6.600 €

D’Bäckerei Fischer huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer duerch de Verkaf vum« petit pain énergétique » ze ënnerstëtzen.

Si hunn e gesond Bréitchen entwéckelt, mat Route Molbiere, Nëss a Sonneblummekären. Fir all verkaafte Bréitche, zënter Februar 2024 un, goufen 0,10 € un d'Fondation Cancer gespent, wouduerch eng Zomm vu 6.600 € gesammelt konnt ginn.

Bei der Iwwerreechung vum Scheck huet d’Margot Heirendet, Direktesch vun der Fondation Cancer, jidderengem häerzlech Merci gesot. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer weiderhi gratis Offere fir Patienten an hir Familljen unzebidden, Informatiounen zur Verfügung ze stellen, souwéi d’Fuerschung ze ënnerstëtzen.

Prospect Event Ruff Ryders Luxembourg

10.494,44 €

Den Antonio Diglio huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, andeems hien e Motorrad-Rallye, an Zesummenaarbecht mat der Associatioun ‘Ruff Ryders Luxembourg’, fir de gudden Zweck op d’Bee gestallt huet.

Dem Antonio seng Duechter, d’Claudia, gouf virun zwee Joer mat engem Tumor diagnostizéiert. Wärend dëser schwiereger Zäit huet hatt Oflenkung beim Motorradfueren fonnt. No enger erfollegräicher Chemotherapie, huet den Antonio decidéiert, zu Éiere vu senger Duechter, d’Remissioun mam Event ‘Prospect Event Ruff Ryders Luxembourg’ ze feieren, an den Erléis vun dëser Solidaritéitsaktioun integral un d’Fondation Cancer ze spenden.

Motorradfuerer aus dem ganze Land, awer och Leit aus den Nopeschlänner, hunn sech zu Biissen getraff fir d’Liewen ze feieren. Si konnte vu Concert’e souwéi vun Aktivitéite fir grouss a kleng profitéie. Duerch dës Solidaritéitsaktioun ass eng generéis Zomm vun 10.494,44 € zustane komm.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer huet alle Bedeelegte Merci gesot fir dës Ënnerstëtzung, déi et erméiglecht d’Fuerschung weiderhin ze ënnerstëtzen. 

Remise de chèque - Ruff Ryders Luxembourg

Lycée Josy Barthel Mamer – asbl

Remise de chèque - Lycée Josy Barthel asbl

3.000 €

D‘Lycée Josy Barthel Mamer-asbl huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, andeems si déi läscht Joren d’Event ‘Alles op de Vëlo am Mamerdall!’ fir de gudden Zweck organiséiert, an en Deel vum Erléis gespent hunn.

Bei dëser Manifestatioun konnt en u villen flotten Aktivitéiten deelhuelen, souwéi en Tour mam Vëlo duerch d’Bëscher a laanscht d’Wise vum Mamerdall maachen, an dat ganz a Rou ouni motoriséierte Verkéier. Duerch dës flott a sportlech Solidaritéitsaktioun ass déi generéis Zomm vun 3.000 € zustane komm.

Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer weiderhi gratis Offere fir Patienten an hir Familljen unzebidden, Informatiounen zur Verfügung ze stellen, souwéi d’Fuerschung ze ënnerstëtzen.

Lycée Nic Biever

860 €

4 Schüler aus dem Lycée Nic Biever zu Diddeleng hu Solidaritéit mat Kriibspatiente gewisen andeems si selwergemaachen, ekologesch an natierlech Käerzen an der Cloche d’Or an um Chrëschtmaart vun der Schoul erstallt a verkaf hunn. Den Erléis vun dëser Engagement ass integral der Fondation Cancer iwwereecht ginn.

Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Generositéit.

Remise de chèque - Lycée Nic Biever

Lycée Technique Lallange – Hair for happiness

Remise de chèque - Lycée Technique de Lallange

1.686 €

D’Schüler aus dem Lycée Technique zu Lalleng hunn eng Solidaritéitsaktioun op d’Bee gestallt – Hair for happiness!

D’Zil vum Projet war et, wärend e puer Deeg eng Kollekt vun Hoer ze maachen déi da fir Parécke vu Kriibspatiente weiderverwäert kënne ginn. D’Schüler hunn dofir zesumme mam Coiffer Tun vum Salon byTun collaboréiert. Niewebäi hunn si och Spende gesammelt.

Mam Erléis vun dësem Projet hunn si decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.

E grousse Merci!

Enovos

6.251 €

Am Kader vum Relais pour la Vie, ënnerstëtzt Enovos zënter 2009 d'Fondation Cancer am Kampf géint de Kriibs. Am Joer 2024 huet Enovos dës Partnerschaft mat 2 Teams weider gefouert, déi um Relais an der Coque deelgeholl hunn. Zousätzlech Spende goufe vun Enovos gesammelt duerch d'Vëloen, déi vun Andy Schleck Cycles gratis zur Verfügung gestallt goufen, wouduerch d'Participanten 1 Euro pro gefuerene Kilometer generéieren.

Am Ganze gouf e Scheck vu 6.251 Euro vum Romain Mary, Responsabel vum Marketing Departement, der Fondation Cancer, vertrueden duerch d’Direktesch Margot Heirendt, iwwerreecht.

Merci alleguer fir dës enorm Solidaritéit!

Remise de chèque - Enovos

Cargolux Airlines International S.A.

Remise de chèque - Cargolux Airlines

10.000 €

D’Mataarbechter vu Cargolux Airlines hunn sech dozou decidéiert eng Solidaritéitsaktioun op d’Been ze stellen. An zwar hunn si de Garage Sale Project lancéiert an en Deel vum Erléis der Fondation Cancer gespent, fir hiren Engagement ze ënnerstëtzen.

Wärend der Scheckiwwerreechung, a Präsenz vum Moa Sigurdardottir (Head of Corporate Communication – Cargolux Airlines), huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

PwC Luxembourg

9.000 €

D’Mataarbechter vu PwC Luxembourg hunn sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen andeems si hiren Kaddo, deen si um Enn vum Joer kréie fir hinne fir hir Aarbecht Merci ze soen, an eng Spend ëmgewandelt hunn an e gemeinsame Scheck un d’Fondation Cancer gemaach hunn.

„D’Solidaritéitsaktioun, datt all Mataarbechter säi Kaddo vum Joresenn an eng Spend ëmwandele kann, gëtt vun ëmmer méi Leit ënnerstëtzt. Dëst Joer loung et eis um Häerz fir Associatiounen ze ënnerstëtzen déi fir Patienten an hir Familljen do sinn.“ seet d’Cécile Liégeois vu PwC Luxembourg.

Wärend der Scheckiwwerreechung, a Präsenz vum Roxane Haas (People leader – PwC Luxembourg) a vum Cécile Liégeois (Prosperity leader – PwC Luxembourg), huet d'Claudia Gaebel all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. 

Remise de chèque - PwC Luxembourg

Gemeng Wuermer - Syndicat d'Initiative et de tourisme

Remise de chèque - Commune de Wormeldange

1.000 €

De Syndicat d’Initiative et de tourisme vun der Gemeng Wuermer huet sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Am Kader vun der Generalversammlung vum Syndicat, a Präsenz vum Här Minister fir Tourismus Lex Delles, gouf dem Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, e Scheck vun 1.000 € iwwerreecht.

Verschidde Memberen aus dem Comité hunn op ee Cadeau fir hiren Abschid verzicht an hunn amplaz een Don gemaach. Duerfir ass decidéiert ginn e gemeinsame Scheck ze maachen an deen der Fondation Cancer zoukommen ze loossen.

„Mir hunn d’Fondation Cancer erausgesicht, well mir an onsem Bekanntekrees Leit hunn, déi kierzlech mat der Krankheet Kriibs betraff sinn.“ seet de Fernand Dax, Sekretär vum Syndicat d'Initiative et de tourisme vun der Gemeng Wuermer.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. 

D’Gemeng Betzder hëlleft

3.000 €

D’Gemeng Betzder ënnerstëtzt de Relais pour la Vie souwéi den Engagement vun der Fondation Cancer am Kader vun hirem Projet ‘D’Gemeng Betzder hëlleft’.

„D’Initiativ ‘D’Gemeng Betzder hëlleft’ ass op d’Bee gestallt gi mam Ziel ee bis zweemol d’Joer verschidden international a lëtzebuergesch Hëllefsorganisatioun mat engem Don ze ënnerstëtzen.“ seet de Marc Ries, Buergermeeschter vun der Gemeng Betzder.

Wärend der Scheckiwwerreechung ass d'Lucienne Thommes nach op Erausfuerderungen a Missioune vun der Fondation Cancer agaangen an huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

Remise de chèque - Commune de Betzdorf

Spendenaktioun vu Mataarbechter vu Proximus Lëtzebuerg

Remise de chèque - Proximus

1.450 €

D’Mataarbechter vu Proximus Lëtzebuerg hunn den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt andeems si den Erléis vun hirer Chrëschtfeier-Tombola gespent hunn. Doduerch konnt déi generéis Zomm vun 1.450 Euro dem Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, an de Raimlechkeete vu Proximus iwwerreecht ginn.

"Proximus Lëtzebuerg engagéiert sech all Joer duerch Solidaritéitsaktiounen. Bei der Tombola fir Chrëschtdag hunn eis Mataarbechter dës flott Zomm gesammelt, fir de Kampf géint de Kriibs ze ënnerstëtzen. Dofir hinnen e grousse Merci!", seet Groupe Proximus.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Lucienne Thommes all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

Uns helfen

Helfen Sie uns ...

.. unsere Missionen weiter zu erfüllen!

Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden. Ihre finanzielle Unterstützung ermöglicht es uns, Menschen zu helfen, die an einer Krebserkrankung leiden und die Krebsforschung zu fördern. Auch die Prävention ist eine unserer Missionen, denn viele Krebserkrankungen sind eigentlich vermeidbar.

Es gibt mehrere Möglichkeiten, der Fondation Cancer mit einer Spende zu helfen, wählen Sie diejenige, die Ihnen am besten passt!

Spenden

Faire un don régulier_Il n'y a pas de petits dons, que de grands coeurs

Was Sie auch interessieren könnte

Organiser une collecte pour la Fondation Cancer
Eine Spendenaktion organisieren
Faire un don en ligne pour la Fondation Cancer
Online spenden
Die Vision der Fondation Cancer
Unsere Vision