Sie setzen sich für den Kampf gegen Krebs ein
Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden : Gemeinsam handeln wir gegen den Krebs, jede Spende ist ein Zeichen der Hoffnung für die Zukunft.
In dieser Rubrik finden Sie die neuesten Schecküberreichungen, die aus den Spendenaktionen, die für die Fondation Cancer organisiert wurden, resultieren.
Es gibt verschiedene Möglichkeiten um eine Spendensammlung zu organisieren, und wir können Sie dabei unterstützen.

BDO Luxembourg
Anlässlich der Feiertage zum Jahresende 2024 hatten die Mitarbeitenden von BDO die Möglichkeit, aus einer Auswahl an Weihnachtsgeschenken zu wählen, darunter die Option „Spende an eine gemeinnützige Organisation“. In diesem Geist der Großzügigkeit hat BDO beschlossen, eine Spende von 5.000 € an die Fondation Cancer zu überweisen und damit einen wertvollen Beitrag zur Unterstützung von Patienten und ihren Angehörigen zu leisten.

Martine Horsmans

A Gedenken un eng léif Frëndin, dem Poupa, hunn ech 2023 e Projet lancéiert, vir Poschen an aneres ze bitzen an den Erléis vir d'Ennerstetzung vun kriibskranken Leit ze spenden. Zesumme sin mir staerk! Villmols Merci Iech all, dei mei Projet ëmmer nees esou wonnerbar ënnerstëtzen!!!"
Martine Horsmans widmet einen Teil ihrer Freizeit der Unterstützung der Fondation Cancer, indem sie nachhaltige Stoffartikel anfertigt. Das ganze Jahr über organisiert sie Verkäufe, um Spenden zu sammeln und Herzensprojekte zu unterstützen. Dank ihres Talents konnte Martine 3.971 € zugunsten der Fondation Cancer sammeln.
Axa Luxembourg
Das ganze Jahr 2024 über haben sich die Teams von AXA Assurances Luxembourg & AXA Wealth Europe engagiert, um Menschen zu unterstützen, die von Krebs betroffen sind. Ihr Einsatz spiegelt sich in einer Spende von 6.500 € an die Fondation Cancer wider, die unsere Maßnahmen zugunsten von Patienten und ihren Angehörigen unterstützt.
Octavie Dexant, CEO von AXA Luxembourg & AXA Wealth Europe, wollte die Hintergründe dieses solidarischen Engagements näher erläutern:
« La Fondation Cancer effectue une mission essentielle de prévention, de soin et de soutien sur un sujet qui nous concerne ou nous concernera tous de près ou de loin. Si ce soutien d’AXA à la Fondation Cancer est au cœur de notre mission de protection de la société, il a revêtu cette année pour un certain nombre d’entre nous une dimension plus intime, nous aidant à transformer la peine du deuil en réconfort en nous permettant de participer à la construction d’un monde plus clément où le cancer frappera moins souvent et moins durement. Merci à la Fondation Cancer Luxembourg pour son action et ce cadeau précieux qu’elle nous offre : l’espoir. »

LuxTrust

Jedes Jahr verbindet LuxTrust Nachhaltigkeit und Solidarität, indem das Unternehmen seinen Mitarbeitenden ermöglicht, IT-Geräte zu attraktiven Preisen zu erwerben – zugunsten von gemeinnützigen Organisationen, die von den Mitarbeitenden selbst ausgewählt werden.
Zusätzliche Initiativen wie Octobre Rose und Novembre Bleu haben im Jahr 2024 dazu beigetragen, die gesammelten Spenden weiter zu erhöhen. Dank dieser Aktionen und der Unterstützung des Executive Committee von LuxTrust, das den gesammelten Betrag verdoppelt hat, konnte eine Gesamtspende von 10.000 € an die Fondation Cancer überreicht werden.
Compass Group
Im Rahmen von Octobre Rose 2024 hat sich Compass Group Luxembourg mit Überzeugung für die Fondation Cancer engagiert. Während des gesamten Monats organisierte das Unternehmen den Verkauf von Brioche-Brötchen an all seinen Standorten, wobei 1 € pro verkauftem Beutel gespendet wurde. Durch diese Aktion konnte eine Summe von 1.367,50 € gesammelt werden.
Adeline Kazek-Merck, Operational Marketing Manager bei Compass Group Luxembourg, betonte noch einmal dieses Engagement:« Soutenir la Fondation Cancer dans le cadre d’Octobre Rose est une manière pour nous de transformer nos valeurs en actions concrètes et de participer à un mouvement de solidarité contre le cancer du sein. Contribuer à cette initiative reflète notre engagement à soutenir des actions qui font progresser la recherche et apportent une aide précieuse aux personnes touchées. »

Compass Group
Im Rahmen von Octobre Rose 2024 hat sich Compass Group Luxembourg mit Überzeugung für die Fondation Cancer engagiert. Durch den Verkauf von Briochettes während des gesamten Monats auf all ihren Standorten, mit 1 € pro verkauftem Beutel, konnte das Unternehmen einen Betrag von 1.367,50 € sammeln.
Adeline Kazek-Merck, Operational Marketing Manager bei Compass Group Luxembourg, betonte dieses Engagement:« Soutenir la Fondation Cancer dans le cadre d’Octobre Rose est une manière pour nous de transformer nos valeurs en actions concrètes et de participer à un mouvement de solidarité contre le cancer du sein. Contribuer à cette initiative reflète notre engagement à soutenir des actions qui font progresser la recherche et apportent une aide précieuse aux personnes touchées. »

Solidaritéitsevent zu Kënzeg

1.150 €
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Hilda Raffaelli e Solidaritéitsevent zu Kënzeg organiséiert fir d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
D’Visiteuren haten d’Méiglechkeet selwergemaachen Heekel- a Stréckkreatioune, awer och nach aner flott Verkafsstänn ze bewonneren. Den Erléis vun dësem Event vun 1.150 € ass integral un d'Fondation Cancer gespent ginn.
D'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet den Organisateurinnen Hilda Raffaelli, Rita Presciutti a Luciana Lucchini wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot.
The Blue Moustached Ball - Burlesque Show am Le Croque Bedaine um Lampertsbierg
1.485 €
Am Kader vun der Initiative Movember huet de Léo Rise d’Burlesque Show The Blue Moustached Ball fir de gudden Zweck op d’Bee gestallt, fir esou op Männerkrankheeten opmierksam ze maachen an den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
Op dësem Solidaritéitsevent, wou jiddwereen invitéiert ginn ass sech mat bloe Kleeder an Accessoire auszestatten, konnt déi glamouréis Show vun de talentéierte Burlesque Kënschtler Ze Flying Willy, Gin Moustache, Arthur Lightstone, Anna Venture, Seraphine Mirage a Léo Rise bewonnert ginn.
Den Akommes vun dëser Show ass integral un d’Fondation Cancer gespent ginn. Dobäi hunn alleguer d’Kënschtler op hier Gage verzicht. Esou koum déi generéis Zomm vun 1.485 € zesumme.
« L'art du burlesque comme divertissement prend tout son sens en véhiculant des messages et en brisant des tabous dans notre société. Lors de cet évènement nous avons voulu sensibiliser le public autour de la santé des hommes, les cancers masculins bien entendu, mais aussi le bien-être et l’épanouissement. », seet de Léo Rise, Burlesque Show-Produzent an Artist.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

Uniao Desportiva Portuguesa Wormeldange Asbl

2.500 €
D’Vereenegung Uniao Desportiva Portuguesa vu Wuermer huet sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
A Präsenz vum Präsident vun der Vereenegung Horacio Martins, dem Keessjee Carlos Rodrigues Sacras, dem Sekretär Paulo Coutada an nach weidere Member’en, gouf dem Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, e Scheck vun 2.500 € iwwerreecht.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.
Association Divulgation et Intervention Éducative ADIE asbl Sanem
2.226,82 €
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Association Divulgation et Intervention Éducative (ADIE asbl) vun Esch och dëst Joer nees den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt.
Duerch déi alljärlech Organisatioun vun engem Stand an der Escher Foussgängerzon wou Kaffi a Kuch verkaf ginn ass, konnten si eng generéis Spend vun 2 226,82 € sammelen.
« Pour lutter contre la maladie, il y a une force qui guérit, la solidarité d'un engagement d'amour, qui naît du cœur de nos petits et grands enfants! », seet d’Christina Gomes de Oliveira am Numm vun der Vereenegung ADIE asbl.
D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Aktioun wärend der Scheckiwwereechung op hirer Chrëschtfeier am Centre Culturel Kulturschapp häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste.

Mataarbechter vun ING Luxembourg a Gedanken un d’Blanche Verdet

2.671 €
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober hunn d’Mataarbechter vum Departement ING Legal eng Solidaritéitsaktioun op d’Bee gestallt. Duerch d'Organisatioun vun engem Stand wou Kuch verkaf ginn ass, konnten si eng Spend vun 2.671 € sammelen.
« Meng Mamm ass virun 2 Joer u Broschtkriibs gestuerwen. Well an eiser Famill méi Fäll vu Broschtkriibs opgetruede sinn, ginn ech als Persoun mat erhéichtem Risiko ugesinn a ginn all 6 Méint medezinesch iwwerwaacht. Déi gréissten Erausfuerderung bei dësem Typ vu Kriibs ass, e fréi genuch z’entdecken, an ech fannen et wichteg, d’Leit – net nëmmen d’Fraen – op dëst Thema opmierksam ze maachen. », seet d’Laure Verdet, Senior Legal Advisor bei ING Luxembourg, a Gedanken u seng verstuerwe Mamm Blanche Verdet.
D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Mataarbechter vun ING Luxembourg déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste.
Adikt Barber
2.677 €
Am Kader vun der Initiativ Movember hunn d’Coifferssalon’en Adikt Barber Belval a Stat-Lëtzebuerg sech dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
Am November huet Adikt Barber eng Solidaritéitsaktioun an d’Liewe geruff: Fir all Client, dee wärend dësem Mount fir d’Hoer, de Baart oder de Schnurres bei Adikt Barber komm ass, hunn si sech dozou engagéiert d’Fondation Cancer mat enger Spend vun 1 € ze ënnerstëtzen. Am Ganzen hunn 2.677 Client’en un dëser Aktioun deelgeholl. Esou konnt déi generéis Zomm vun 2.677 € der Fondation Cancer am Salon um Belval iwwerreecht ginn.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Claudia Gaebel, Responsabel bei Fondation Cancer vum Departement Informatioun, Kommunikatioun a Fundraising, der ganzer Ekipp vun Adikt Barber häerzlech Merci gesot.

Elterevereenegungen a Schüler vun der portugisescher Schoul zu Ettelbréck an zu Dikrech

3.279,19 €
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober hunn d’Elterevereenegunge vun der portugisescher Schoul vun Ettelbréck an Dikrech zesumme mat hire Schüler an de portugisesch Enseignant’en och dëst Joer hir Ënnerstëtzung fir d'Fondation Cancer widderholl.
Duerch d'Organisatioun vun engem Stand zu Ettelbréck wou Kaffi a Kuch verkaf ginn ass, konnten si eng Spend vun 3.279,19 € sammelen.
"D'Essenz vum Liewen ass aneren ze hëllefen.", seet d’Clara Santos, portugisesch Enseignante, am Numm vun alle Schüler, vun der ganzer Elterevereenegung vun Ettelbréck souwéi vun der Elterevereenegung vun der portugisescher Schoul zu Dikrech.
D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Aktioun häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste.
Relais du Rire 2024
5.000 €
Dëst Joer war déi 6. Editioun vum Relais du Rire am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng!
Den Alex Monteiro, deen zënter 6 Joer den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt, huet och dëst Joer nees de Relais du Rire fir de gudden Zweck organiséiert.
Fir dës Editioun hat den Alex Monteiro e spannende Programm zesummegestallt, mat Stand-up, Improvisatioun, Magie a Gesang. Op der Bün hunn d'Komiker Chinoa, Cindy Oliveira, Nikky Lee a Shayan, den Improvisatiounstrupp Les Ons an de Magier Stéphane Gehin dem Publikum en onvergiesslechen a lëschtegen Owend gebueden.
Wéi och déi läscht Joren, ass den Erléis vun dësem Standup-Event integral un d’Fondation Cancer gespent ginn. D’Komiker verzichten all op hier Gage. Esou koum déi generéis Zomm vun 5.000 € zesummen.
D’Präsidentin vun der Fondation Cancer, Dr. Carole Bauer, huet dem Alex Monteiro, senger Schwëster Silvia, an alle Kënschtler häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement a fir dësen amüsanten Owend. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer weiderhi gratis Offere fir Patienten an hir Familljen unzebidden.

Baloise Lëtzebuerg

3.600 €
D'Assurance Baloise huet d'Fondation Cancer am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober mat engem Don vun 3.600 € ënnerstëtzt. Dës Zomm ass duerch d'Spende vu Mataarbechter an duerch de Verkaf vu Goodies wärend engem Solidaritéitslaf, deen d'Assurance organiséiert huet, zustane komm. D’Fondation Cancer war op dësem Laf fir de gudden Zweck och präsent mat engem Informatiounsstand.
D'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegte wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot.
Crochet solidaire vum Mara Cruciani
2.195 €
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d'Mara Cruciani d'Fondation Cancer mat senger alljärlecher Solidaritéitsaktioun ze ënnerstëtzt. D'Mara huet d'Akommes vun der Ausstellung Crochet solidaire vum Mount Oktober integral un d'Fondation Cancer gespent.
Op dëser Ausstellung verkeeft d'Mara selwergemaachen Heekel- a Stréckkreatioune, wéi zum Beispill Pëppercher a Petzien. D'Mara konnt mat senger Crochetsaarbecht déi generéis Zomm vun 2.195 € spenden.
« Ensemble luttons contre le cancer du sein », seet d'Mara. D’Direktesch vun der Fondation Cancer, Margot Heirendt, huet dem Mara a senger engagéierter Frëndin Paola häerzlech Merci gesot fir hir onermiddlech Ënnerstëtzung.

Centre Polyvalent de l’enfance Kirchberg (CPE Ki)

2.750 €
Am Kader vum internationale Broschtkriibsmount Rosa Oktober hunn d’Kanner vum Centre Polyvalent de l’Enfance Kirchberg, an Zesummenaarbecht mat hiren Elteren an den Educateur’en, sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen andeems si eng flott Zumba Party op d’Bee gestallt hunn.
« Même si nous essayons de protéger les enfants de certaines réalités difficiles, ils sont toujours impliqués directement ou indirectement dans tout ce que nous vivons... Les enfants ont en eux une force incroyable qu’ils trouvent dans le fait de savoir qu'ils font partie de quelque chose d'immense - une communauté où même leurs plus petits gestes sont porteurs de sens. C'est dans ce lien qu'ils découvrent qu'ils ne sont pas seuls, mais qu'ils sont liés aux autres par un objectif commun, dans les bons comme dans les mauvais moments. Ce 18 octobre au CPE Ki, ils ont contribué à relayer l’espoir ; ils ont encouragé et soutenu la vie ! » seet d’Ekipp vum CPE Ki.
Dank dëser Solidaritéitsaktioun konnt der Fondation Cancer eng generéis Zomm vun 2.750 € gespent ginn. D’Kanner konnten dunn och virun der Scheckiwwerreechung dem Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all hir Froe stellen an sech esou e bëssen informéieren zum Thema Kriibs.
Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement.
DHL Express Luxembourg - DHL’s Got Heart
1.000 €
DHL Express Luxembourg huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen am Kader vun hirem Projet DHL's Got Heart. Dëse Projet motivéiert d'Mataarbechter, sech fir karitativ Zwecker anzesetzen, déi hinnen um Häerz leien.
Dank dëser Solidaritéitsaktioun konnt déi generéis Zomm vun 1.000 € gesammelt gi. Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement.

Uns helfen
Helfen Sie uns ...
.. unsere Missionen weiter zu erfüllen!
Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden. Ihre finanzielle Unterstützung ermöglicht es uns, Menschen zu helfen, die an einer Krebserkrankung leiden und die Krebsforschung zu fördern. Auch die Prävention ist eine unserer Missionen, denn viele Krebserkrankungen sind eigentlich vermeidbar.
Es gibt mehrere Möglichkeiten, der Fondation Cancer mit einer Spende zu helfen, wählen Sie diejenige, die Ihnen am besten passt!
